Orchestre National des Jeunes du Luxembourg
Summerprojet 2024
📅 Datum: 18. bis 30. Juli 2024ℹ️ Zéck net dech och ze melle wann s du net déi ganzen Zäit disponibel bass.
📍 Plaz: Mierscher Kulturhaus
🎻 Mir siche motivéiert Leit fir eis beim nächste Projet als Benevole zur Säit ze stoen. Wëlls du Erfarunge sammelen an e Bléck hannert d'Kulisse vun engem Orchester geheien, d'Mierscher Kulturhaus vu bannen a baussen kenneléieren, oder einfach just eng flott Woch mat enger jonker an dynamescher Ekipp verbréngen? Da mell dech bei eis!
📃 Zu de méiglechen Aufgaben ka gehéieren:
- Op- an Ofbau
- Encadrement an Uspriechspartner.in vun de Museker.innen
- Permanence am Bar während de Pause vun de Prouwen
- Catering opriichten/ofriichten
- um Dag vum Concert am Bar hëllefen
- evtl. Transport vu Museker.innen an/oder Solist.in
- ... a sécher nach villes méi!
Eng detailléiert Andeelung gëtt am Virfeld gemaach , baséiert op den individuellen Disponibilitéiten a Präferenzen.
✉️ Fir méi Informatiounen oder Froen:
mail@onj.lu
Am Viraus schonn e grousse Merci fir deng Hëllef!
***Please note that we can currently only accept volunteers that are residents in Luxembourg***