Heimat geif ech éi Kand gären umellen fir een Schnuppertraining während engem vun den Kannertrainingen ze maachen.
Mir bidden och Kannertraining un, fir Kanner ab 10 Joer:
Kannertauchen (10-13 Joer), hei ass den Training emmer vun 1815 bis 19.30 Auer
oder Jugendtraining un fir d'Kanner ab 13 Joer:
Jugendtauchen (13-16 Joer), hei ass den Training emmer vun 1915 bis 20.30 Auer
D’Kanner léieren hei spilleresch d’Grondreegelen vum Flossenschwammen an och vum Tauchen mat dem kompletten Tauchgerät. Des Aktiviteiteit fënnt am Ufank just an der Schwämm statt resp. an Indoortauchzentren statt wou Tauchkonditiounen och kandgerecht sinn. Wann d’Kanner hiren éischten Tauchschein (Junior 1) bis fäerdeg hunn, kennen si zesummen mat eisen erfuerenen Moniteuren och am Freiwaasser (Séi, Carrièren, Mier) tauchen goen.
Nom Junior * kennen d'Kanner fir den Junior ** an Junior *** Brevet traineiren, mam Junior *** Brevet kennen sie herno den richtigen Erwuessenenbrevet P1 CMAS *. kreien.
Nom Ausfëllen vum Formulaire hellt een vun eisen Moniteuren / Trainer Kontakt mat Iech op.