Am Kader vun hirer Campagne “Méi net am Mee”, huet
d’Biologesch Statioun vum SIAS sech eng Rei vun Aktivitéiten iwwerluecht, déi
d’Léierpersonal mat hire Schüler zum Thema Bestëbsung, naturno Wisen, naturno
Gäert an Insekten an de Schoulen ëmsetze kann.D’Ënnerlage fir des Aktioune kenn dir einfach ob eisem Site
eroflueden:
https://www.sias.lu/de/naturschutz/biologische-station/padagogisches-material-fur-schulen
Vu dass et déi éischte Kéier ass, dass mir esou
eng Mapp ausgeschafft hunn, a mir och an Zukunft ob dëse Wee goe wëllen, wiere
mir iwwer Feedback dankbar. Esou wësse mir wéi vill Schoulen resp. Klassen
deelgeholl hunn an och wéi mir eis an Zukunft verbessere kënnen.