Et sin rëm puer Plazen fräi gin fir d’Skivakanz! Dëst Joer geet d’Skivakanz an dat gréissten Skigebitt vun der Welt, op 3 Vallées. Vum 7. bis 14. Januar gin mir zu 25 motivéierten Ski- an Snowboardfuerer d’Pisten entdecken, den Après-Ski onsécher machen an loosen eis et gutt goen an eisem Chalet deen iwwer 3 Stäck geet an zeguer eng Sauna huet. Den Präis weärt tëscht 550€ an 600€ leien. Doranner mat abegraff sin:
Skipass fir 6 Deeg
Iwwernuechtung am Chalet Le Levassaix
Schlittowend
Moiesiessen
3x Owesiessen (Raclette, Spaghetti, Chilli Con/Sin Carne)
een Deel vum Gedrénks & Snacks
Den Transport bis dohin ass also nach net inclus. Dofir organiséieren mir eis ënnerteneen fir Fahrgemeinschaften ze bilden.
Nei: Zousätzlech bidden mir och d'Méiglegkeet fir just hallew sou laang matzegoen, also vum 7. bis 11. Januar. Hei wier dann een Skipass vun 3 Deeg am Präis mat abegraff amplaz deen vu 6 Deeg. An deem Fall géing et dann natielech och bësse manner kaschten, viraussiichtlech ëm déi 450€ op de Kapp.
Deen eischten ass fir! Opgepasst: Deng Virumeldung gëllt nëmmen wanns du deng Memberskaart bezuelt hues!
Wann dir weider
Froen hutt, dann schreift dem
Alain Georges (FB oder alain.georges@avl.lu).