Notéiert Iech schonn emol den Datum fir eis nächst TrakGourmande!
Dëst Joer ass et den 1. Juni 2024. Et erwaart Iech eng Wonnerschéin Ausfaart mat ale Vintage Trakteren duerch de Waarkdall.
Ënnerwee gitt Dir mat hëllef vun eise Lokale Veräiner Kulinaresch gestäerkt.
De Menü:
- Kaffi & Croissant
- Frankräich - Quiche mat engem Glas Cremant
- Spuenien -
"Bloody Gazpacho"
- Lëtzebuerg - Feierstengszalot mat engem Glas wäisse Wäin
- Amerika -
Beer & Burger (Hamburger mat Fritten
an Coleslaw)
-
Bierentaart mat Kaffi & enger Drëppchen
Präis fir eise Menü
Erwuessener: 58,-€
6 - 15 Joer: 20,-€Ënner 6 Joer: Gratis
Dir hutt d'Méiglechkeet entweder mat Ären eegenen Trakter matzefueren, ee bei eis Auszeléinen (Op Reservatioun!) oder Dir fuert op engem vun eisen Unhänger mat!
Opgepasst!
Aschreiwunge gi bis spéitstens de 25. Mee oder bis mir eis Capacitéiten erreecht hunn!
Iwwerweist w.e.gl. bei der Umeldung de gesamte Montant op follgende Kont: LU49 0141 8359 4650 0000! D'Aschreiwung ass nëmme gëlteg, wann de Montant Iwwerwisen ass.
Als Referenz follgendes uginn: TrakGourmande 2024 + Den Numm vun der Reservatioun!